Luxemburger Wörter des Jahres 2022: Ukrainkrich, Energiekris, Präisdeckel, Klimakris, Index

Luxemburger Wörter des Jahres 2022
Die Luxemburger Wörter des Jahres 2022. - Bild: ZLS

Die Themen Krieg und Krise dominierten 2022 die Wahl zum Wort des Jahres in Luxemburg. Zum dritten Mal wurde auf Initiative des Zentrums für die luxemburgische Sprache (Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch, ZLS) und in Zusammenarbeit mit Radio 100.7 und RTL Luxemburg ein Wort des Jahres im Großherzogtum gesucht. Mit diesem Ergebnis:

*

DʼArgumentatioun vum Jury

Bei den allermeeschte Propose vun de Leit huet d’Bedeitung vum Wuert méi eng grouss Roll gespillt wéi d’Originalitéit vum Begrëff. Och de Jury huet den Inhalt iwwer d’Form gesat a säi Choix esou motivéiert:

  1. Ukrainkrich – dʼWuert vum Joer 2022
    Den Ugrëffskrich vu Russland géint d’Ukrain huet d’Joer markéiert wéi keen anert Evenement. Dofir huet sech de Jury fir d’Zesummesetzung vum Lännernumm Ukrain an dem Substantiv Krich als Wuert vum Joer decidéiert. De Jury respektéiert domat och a grousse Linnen d’Preferenz vun de Leit: Zielt een Ukrainkrich, Ukrain, Krich a Spezialoperatioun zesummen, gouf just nach den Index méi dacks virgeschloen ewéi dat neit Wuert vum Joer. Ukrainkrich gouf awer och dowéinst zeréckbehalen, well grad deen dote Krich (et ass jo beileiwen net deen eenzegen op der Welt) vill aner Wierder, déi heefeg virgeschloe goufen, mat sech bruecht huet.
  2. Energiekris
    Eng vun den éischten Auswierkunge vum Ukrainkrich iwwer d’Krichsgebitt eraus war d’Energiekris. Déi kënschtlech Reductioun vun de Ressourcë gouf jo ganz geziilt als Drockmëttel agesat – d’Energie ass zu enger Waff am Arsenal vun de Kontrahente ginn. Doriwwer eraus ënnersträicht de Begrëff, wéi wichteg d’Fro vun der Energie a vun de Ressourcen allgemeng fir d’Zukunft vun der Mënschheet ass.
  3. Präisdeckel
    Och dat drëtt Wuert ass e Kompositum a weist grad ewéi déi zwee éischt op ee vu Mënsche gemaachte Problem hin: D’Energiepräisser – egal ob fir Stroum, Gas, Diesel oder Bensinn – si bannent kierzter Zäit massiv geklommen a riskéieren, d’Wirtschaft an d’Stéit ze iwwerfuerderen. Fir ze verhënneren, datt se weider fortgaloppéieren, solle se gedeckelt, also mat engem Präisdeckel limitéiert ginn. Genannt gouf iwweregens och d’Aktioun vum Deckelen, d’Präisdeckelung.
  4. Klimakris
    Eng weider Kris an den Topp 5 an eng, déi op d’mannst gradesou global ass ewéi déi vun der Energie an esouguer enk mat hir verbonnen ass: déi vum Klima. Wat d’Auswierkungen dovu fir d’Mënschen ëmmer méi konkreet ginn, wat se sech der Urgence vum Problem ëmmer méi bewosst ginn, och wann dës Kris mat Amenter vun der Ukrainkris verdeckt gouf.
  5. Index
    Op Plaz 5 gouf den Index gewielt an dat ouni den Zousaz -tranche, fir op de generelle Mechanismus hinzeweisen an net just op eng eenzel Erhéijung vun de Salairen. Den Index war vun de Leit am dackste proposéiert ginn, de Jury huet en awer just op der Plaz 5 gesinn, knapp virun der Präisdeierecht/Inflatioun op Plaz 6, déi e jo bedéngt an och eng vun de Konsequenze vum Krich ass.

Wéi gouf zu Lëtzebuerg gewielt?

Vun Enn November bis den 12. Dezember konnt jidderee seng Propos fir d’Wuert vum Joer 2022 beim Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch areechen – entweeder op de Walfer Bicherdeeg oder iwwer en online Formulaire. Ronn 335 Propose mat engen 170 verschiddene Wierder sinn am Zenter ukomm. Dorënner waren e sëllege Virschléi, déi just eemol genannt goufen, zum Beispill Interjektiounen (nondidjö, ojee, mega), Neologismen (fräitesten, liben, früstücken), Reenert-Wierder (mortjëft, Zwackert) a Wierder, déi wuel wéinst hirem Bedeitungsinhalt proposéiert goufen (LGBTQ, Logementspräisser, Boomerpanik, Polykris). Och dräi Wierder aus der Jugendsprooch sinn agereecht ginn: siuuu, sus a smash.

Aus der Longlist huet dʼEkipp vum ZLS eng Shortlist mat den 20 meeschtgenannte Wierder gemaach an dem Jury déi virgeluecht. Am Jury waren de Commissaire fir dʼLëtzebuerger Sprooch Marc Barthelemy, dʼPresidentin vum Conseil fir dʼLëtzebuerger Sprooch (CPLL) Myriam Welschbillig, de Programmchef vum Radio 100,7 Yves Stephany, den RTL.lu-Journalist Andy Brücker an dʼDr. Sara Martin vum ZLS vertrueden.

An engem éischte Walduerchgang gouf dʼLëscht vun 20 op 10 Begrëffer reduzéiert, an engem zweete Schrëtt du vun 10 op 5 mam Resultat, datt Ukrainkrich als Wuert vum Joer 2022 den Nofollger ass vu boosteren (Wuert vum Joer 2021) a Corona (Wuert vum Joer 2020).

* * *

Luxemburgisch, Moselfränkisch
Das Luxemburgische ist laut Wikipedia „strukturell eine moselfränkische Sprachvarietät des Westmitteldeutschen“. Die Karte markiert die Trennlinie zwischen den moselfränkischen Gebieten, in denen op und of in der Bedeutung von „auf“ gesprochen werden. – Bild: Hans Erren (CC BY-SA 3.0)

Mehr zum Thema

rs